Skip to content

D’CSV Rammerich stellt Iech hei hir Kandidaten fir d‘Walen vum 11. Juni 2023 kuerz vir.

Mir denken, dass mir eng gutt Equipe, ugefouert vun eiser Sektionspresidentin a Schäffin Myriam Binck opgestellt hunn. Eis Kandidaten si kompetent a representéieren all Awunner vu Rammerich. 

Mir hoffen, dass Dir eis Äert Vertrauen schenkt an mir sinn gudder Deng, dass mir mat Ärer Hëllef den
11. Juni Rammerich eng gutt Zukunft kënne bidden.

Myriam Binck

35, Bauer a Liewensmëttelproduzentin, Eischt

Bestued a Mamm vu dräi Kanner

Politesch Mandater: 1. Schäffen Ressorten Klima an Schoul, Kanton Réiden, SIDEN, Réidener Museksschoul, LEADER

Hobbien: Laafen, Gaart an Déieren

Politesch Ressorten/Interessen: Veräins- a Gemengeliewen, Famill, Schoul, Gemengeplanung

Isabelle Berg-Bâlon

46 Joer, Employée privée, Houltz

Bestued a Mamm vu dräi Kanner

Hobbien: Natur, Musek, Reesen

Politesch Ressorten/Interessen: Jugend, Bildung, Hausaufgabenhëllef, attraktiv Veräins- a Gemengeliewen

Mike Bolmer

43, Fonctionnaire, Houltz

Zwee Kanner

Politesch Mandater: 2. Schäffen, SIGI, Réidener Kanton an Réidener Museksschoul

Hobbien: Aal Trakteren, Musek

Politesch Ressorten/Interessen: Kultur, staark an sozialt Veräinsliewen

Christophe Heymes

32, Strategieberoder, Hueschtert

Jonggesell

Politesch Mandater: Member Kulturkommissioun

Hobbien: Nei Technologien, Autoen an Schwammen

Politesch Ressorten/Interessen: Finanzen, Logement, Kultur- a Veräinsliewen, Gemengeplanung

Jacques Huberty

50, Fonctionnaire, Bilschdref

Bestued, zwee Kanner

Hobbien: Fussball an Fëschen

Politesch Ressorten/Interessen: Jugend, Sport, Nohaltigkeet, Veräins- a Gemengeliewen

Louis Kauten

31, Gemengenaarbechter, Rammerich

Bestued

Hobbien: Amicale Pompjeeën Réiden, Landwirtschaft, Gaart, Tauchen, MTB

Politesch Ressorten/Interessen: Ëmwelt, Energie, Logement, Tourismus

Sonja Kettmann

53, Enseignante (Chargée de Cours), Pärel

Bestued, Mamm vu zwee Meedercher

Politesch Mandater: Gemengeconseillère, Präsidentin Integratiounskommissioun, Member Schoulkommissioun, Member vum Büro vu der Réidener Museksschoul, Member CA Sportskrees Atert a Crèche “A Butzen”, Représentante CNFL

Hobbien: Musek, Konscht a Liesen, Kanner- a Juegendkateches

Politesch Ressorten/Interessen: Sozial Themen, Kultur, Nohaltigkeet, Tourismus a Bildung

Frank Melchior

48, Employé privé, Romicht

Jonggesell

Politesch Mandater: Gemengeconseiller, Réidener Kanton, SIDEC

Hobbien: Reesen, Autoen, Natur, Informatik

Politesch Ressorten/Interessen: Gemengeplanung, Tourismus a Kultur

Pierre Pletschette

62, Pensionär, Pärel

Bestued, zwee Kanner

Politesch Mandater: Gemengeconseiller, DEA, Fôrèt Anlier

Hobbien: Wanderen, Fussball, Aal Autoren

Politesch Ressorten/Interessen: Tourismus, Kultur, Sport

Anne-Marie Steimes

45, Employée de l’Etat, Pärel

Gepaxt, Mamm vu zwee Bouwen

Hobbien: Musek, Gaart, Puzzle, Lego

Politesch Ressorten/Interessen: Educatioun, Jugend, Veräinsliewen

Marc Wagner

57, Fonctionnaire, Hueschtert

Dräi Kanner an een Enkelkand

Hobbien: Theater, Oldtimer restauréieren

Politesch Ressorten/Interessen: Kultur, Sport, Veräinsliewen