Skip to content

Réckbléck vum Buergermeeschter Antoine Rodesch

Eng Ära geet zu Enn.

E Réckbléck vum Buergermeeschter Antoine Rodesch – an een Ausbléck (Deel 1)

1981: den Toni gëtt gewielt. Direkt kritt heen d’Responsabilitéit vun engem Schäffeposten an ass bis haut fir d’Gemeng am Asaz. Zulescht als Buergermeeschter, ee Posten, deen heen dëst Joer fräi mécht. „Fir der nächster Generatioun d‘Geleeënheet ze ginn, hir Virstellungen ëmzesetzen“. An engem Gespréich zitt den Toni, wéi di meescht Leit heen nennen, Bilanz. An engem Gespréich hu mer d’Situatioun als Gemengepolitiker Revue passéiere gelooss.

Toni, firwat Gemengepolitik?

„Mech hat d’Iddi vun der Fusioun zur Politik bruecht. D’Méiglechkeet, richteg grouss Projeten unzegoen an d’Leit aus der Géigend zesummen ze bréngen, ware mir ee ganz wichtegt Uleies. Dat ass och sou bis haut. Eng Fusioun ass näischt wat sou einfach geschitt. Mënschen aus Pärel waren zum Beispill ni genau wéi di Foulschter a sinn och nach haut net genau d‘selwecht gestréckt. Mee zesummen kritt een méi bewierkt, dat muss ee wëssen. A fir eng ländlech Gemeng war dat deemools richteg an et stëmmt och nach haut.“

Wéi behält een sou laang seng Energie?

„Ech hätt als Politiker net laang duerchgehal, wann ech net eng Famill an Ennerstëtzer gehat hätt, déi mech a mengem Engagement an a mengem Bauerebetrib gestäipt hätten. Wann een haut di Diskussioun suivéiert, wéi mer méi Fraen an d’Gemengen erakréien – wat wichteg ass-, dann ass dat oft de sprangende Punkt. Gemengepolitik ass ee Fulltime-Job. Lo zulescht als Buergermeeschter, mee och schonn als Schäffen war ech an der Moyenne 20 Stonnen an der Woch op der Gemeng. Donieft kommen dann nach d’Versammlungen derbäi an den Suivi vu Projeten um Terrain. Dat ee quasi all Weekend iergendwou bei enger Manifestatioun ass, ass bei enger lieweger Gemeng mat villen Veräiner normal,flott an ustrengend zugläich.

Ech hunn awer och munch Nuechten gegrübelt, wéi deen een oder aneren Problem ze léise wier… „

Deng grouss Projeten, Toni !

„Den Ausdrock „meng Projeten“ ass net richteg. Et geet ëmmer em „eis Projeten“, mee ech war verantwortlech fir d’Agenda- jo, dat stëmmt. D‘Vergréisserung a Moderniséierung vun eisem Gemengenhaus, vun der Schoul mat der Schwämm, d‘Maison relais, di ganz Infrastruktur ronderëm den Kietschter Site, de Pompjeesbau, d’Wassserbehälteren an d‘Kläranlagen , di vill Kilometer Stroossebau mat de Waasserleitungen, den Ukaf vun Haiser fir eng Apdikt, een Notaire, ee Centre médical, Terrainen fir dat zukünftegt Fleegeheem , Renovatiounen vun ëffentlechen Gebaier, … wärend menger Amtszäit wäerten sou 170 Milliounen Euro investéiert gi sinn. Dat brauch och e Stéck unternehmereche Courage, fir konsequent ze investéieren. Mee als Independant läit mer dat am Blutt.

Ech géif awer och Projeten vu méi ideellem Charakter net vergiessen: di konsequent Ennerstëtzung vum Site vun de Leekollen bis et zu engem nationalen Projet gouf, d’Conventioun mat dem Bistum fir eis „Kierchen am Duerf ze loossen“, an aktuell d’Méiglechkeet vun engem Jumelage mat enger anerer Gemeng… dat kascht wéineger Geld mee ass genausou wichteg.“

Politik ass een Equippesport oder: een eleng geet net duer!

„Dat sinn natierlech net nëmmen meng Projeten, mee déi vun engem ganzen Schäffen- a Gemengerot. Dee muss mat zéien. Flott ass et, wann een eng absolut Majoritéit huet, da kritt een eng Agenda méi zügeg ofgeschafft. Mee eng seriö politesch Diskussioun an engem Gemengerot ass eppes immens Wichteges. Dat klappt awer nëmmen, wann een Leit mat Format um Dësch setzen huet. Dann ass den Austausch vun Iddien wierklech flott: och aner Leit hu gutt Iddien an et soll een sech net ze schued sinn, déi mat opzegräifen. Um Gemengendësch geet et net ëm den eenzelen Ego, do geet et em d’Wuel vun de Leit. An oft muss een Prioritéite setzen, wëll net alles zum selwechten Zäitpunkt ze maachen ass. Heiansdo muss een dat kloerstellen.“

Beitrag deelen