Skip to content

T’CSV AN DER GEMENG

Di läscht Joren wären och fir eis Gemeng eng Erausfuerderung.

Eng Rei vun groussen Projétën wéi eis Wasserinfrastruktur mat den Wasserbehälter,d‘Kläranlagen, de Stroossen an t’Erschléissung vun neiem Bauterrain hunn missten zu Enn bruecht , weidergefouert oder opgemaach gin.

Oft genuch goufen t‘Arbëchten duerch wichteg Moossnamen wéi bspw déi ronderëm den Covid reegelrecht ausgebremst. Eis budgetär Manöverfräiheet gouf duerch munch national Oplagen – an Aufgaben,déi ganz kuerzfristeg op eis zou koumen, déi awer absolut prioritär wären – och mol ageschränkt an mir hunn flexibel drop reagéiert.

Genuch Raum fir eis Schoulkanner ze hunn oder eng finanziell Ënnerstëtzung fir eis Bierger a Biergerinnen an schwierege Momenter ass fir eis awer kee Luxus, mee gelieften Solidaritéit an eng Investitioun an eis Zukunft.

Den Schäfferot mam Toni Rodesch, dem Myriam Binck an dem Mike Bolmer hun intensiv dru geschafft, di néideg Terrainen ze kafen, fir weider Projeten am Interessi vun eiser Bevëlkerung weider ze dreiwen. Sou sti mer lo kuerz virum Ofschloss fir di noutwendeg Plaz fir de Bau vun eisem Alterspflegeheim oder och enger neier Sportshal ze finaliséieren. Mat der Ënnerstëtzung vun enger staarker CSV-Fraktioun mam Sonja Kettmann, dem Pierre Pletschette an dem Frank Melchior konnt intensiv an di richteg Richtung geschafft gin.

Di Rammericher Gemeng huet nieft den „klasseschen“ Gemengenaufgaben awer natierlech och gesellschaftlech Aufgaben. Mir brauchen an ënnerstëtzen den Zesummenhalt vun de Biergerinnen a Bierger an eiser Gemeng. D’Gläichgewiicht zwëschen dem Schutz vun der Natur an der wirtschaftlecher Noutwendegkeet, den Commerce, d‘Handwierks- a Bauerebetriber ze stäipen ass eis immens wichteg. Eis Gemeng kulturell an touristesch op de Radar am In- an Ausland ze setzen, gëtt eiser Gemeng fir t’Zukunft een neit ekonomescht Standbeen. Dobäi eisen ländlechen Duerfcharakter net ze verroden, ass net réckstänneg, mee festegt eis Identitéit an den Rëmerkennnungswert an eiser Grenzregioun.

Verschidden Engagementer sinn dobäi dobaussen ganz visibel, aner Beméiungen kritt den Public net direkt mat. Zesummen mat eiser Administratioun, eisen techneschen Equippen an dem Personal vun Schoul a Maison relais gouf an de leschten Joren ganz vill geschafft. Eis Gemeng wiisst an doriwwer si mer frou. Dat huet ëmmer erem no enger intensiver Sich no kompetenten neien MataarbëchterInnen a Mataarbëchter verlaangt. An dës Sich geet weider.

Mir als CSV-Fraktioun stoungen a stinn zur Solidaritéit: mir ënnerstëtzen eis Leit an der Gemeng sou vill wéi néideg an loossen eisen Bierger a Biergerinnen awer och sou vill Bewegungsspillraum wéi nëmme méiglech.

Mir sinn oppen an interesséiert un neien Iddien an Technologien, déi eiser Gemeng de Wee an Zukunft erméiglechen. Gläichzäiteg behale mer eis traditionell Wäerter an Methoden, déi sech als nohalteg gutt erwisen hunn, bäi. Mir stin aktuell voll an engem Moment vun immensen techneschen a gesellschaftlëchen Verännerungen. Nei Methoden an nei Léisungen fir eis alldeeglech Problemer mussen mat Kreativitéit an gemeinschaftlëch erschafft gin. Mir mussen de Courage hun, Perspektiven ze wiesselen an mat Fangerspëtzegefill an Intelligenz un nei Erausfuerderungen erun ze goen.

Beitrag deelen